Sängerbond Furen ënnerstëtzt den Télévie
Sou wéi vill aner Veräiner aus der Gemeng Tandel hunn och d’Membere vum Sängerbond Furen sech entscheed dëst Joer d’Engagement an der Gemeng Tandel fir den Télévie an domat fir d’Fuerschung géint de Kriibs ze ënnerstëtzen. Viru kuerzem haten si sech getraff fir e Scheck iwwer 1.000 € ze iwwerreechen.
FC47 Baastenduerf spillt fir den Télévie
Vum 13. Dezember 2013 bis 31. Januar 2014 haten d’Veterane vum FC47 Baastenduerf op een Halentournoi zu Tandel invitéiert, wou den Erléis vun deenen eenzelnen Treffen integral fir den Télévie war. Sou konnte si dëser Dee 1.292 € un den Télévie weiderginn. Ma och déi Responsabel, d'Spiller an d'Membere vum FC47 hu sech mat engem Don iwwer 2.234 € der gudder Saach ugeschloss.