Um Freideg den Owend ass de Startschoss fir dee groussen Télévie-Dag gefall a vun deem Ament un ass de Compteur net nëmme gelaf a gelaf, ma geklommen a geklommen - fir um Enn, fir um spéide Samschdegowend stoen ze bleiwe bei där phänomenaler Zomm vun: 1.567.596 Euro - dat ass een neie Rekord!

Am Numm vun all de Concernéierte seet RTL en häerzleche Merci. E ganz grousse Merci all deenen Aktiven, déi sech d'Joer iwwer fir d'Aktioun asetzen, an och deene Leit, déi den Télévie an hirem Testament vermierkt hunn an domadder och no hirem Doud nach Mënschen hëllefen.

Dat ganzt Joer iwwer hu sech nees ganz vill Leit am Land mat enger Abberzuel vun Aktiounen engagéiert, fir Fongen ze sammelen. Vum Freideg- bis e Samschdegowend ass déi grouss Ofschloss-Aktioun vum Télévie 2015 gelaf - den Télévie-Dag! Um Samschdeg konnten d'Leit dee ganzen Dag iwwer an déi eenzel Zenteren - d'Centres de promesses - goen, fir sech do z'ameséieren an den Télévie ze ënnerstëtzen.

Iwwerall war d'Ambiance gutt, och wann et moies mat Amenter gereent huet, an iwwerall si vill Suen zesummekomm. Ganz vill! Gezielt goufen all d'Spenden an d'Schecken an de Studioe vun RTL um Kierchbierg.

Dëst Joer woren d'Centres de promesses, aus deene mer och ganz vill flott Fotoandréck erageschéckt kruten, zu:

- Conter
- Dikrech
- Gréiwemaacher
- Stengefort
- a wéi all Joer Rodange
an natierlech och um Kierchbierg bei RTL (hei Impressioune vu freidesowes, samschdes bis 19h a samschdes bis Schluss)

Radio Lëtzebuerg war vum Samschdeg de Moie 6 Auer un am Télévie-Modus, um Owend war et dunn déi grouss Télévie-Soirée op RTL Télé Lëtzebuerg, déi bis bal hallwer 12 gedauert huet - ëmmer flankéiert vun RTL.lu mat Livestream a Fotogalerien.

© Jacques van Luijk

De ganzen Dag iwwer goufen Aktioune fir den Télévie presentéiert, Schecken iwwerreecht, Reportage gewisen, Concernéierter an Dokteren interviewt an natierlech gouf gespent!

D'Fuerschung géint de Kriibs brauch d'Hëllef vun eis all a jidderee kennt op d'mannst ee Fall aus sengem noen Ëmfeld: D'Diagnos Kriibs trëfft all Joer hei am Land eng 2.000 Mënschen. Fir datt hir Chancen op Heelung méi grouss ginn, muss d'Fuerschung um Top sinn, an dofir si vill Suen néideg: Télévie ass d'Stéchwuert vun der Kollekt vu Suen an der Lutte géint de Kriibs.

Alles an allem sinn duerch den Télévie, deen zanter 2002 zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, bis elo an deene 15 Editiounen wäit iwwer 16 Milliounen Euro fir d'Recherche géint de Kriibs gesammelt ginn.

Zur Erënnerung:
2016: 1.567.596 Euro
2015: 1.550.847 Euro
2014: 1.389.098 Euro
2013: 1.153.928 Euro

Zënter et den Télévie gëtt, dat heescht zënter 1989, goufen an der Belsch an zu Lëtzebuerg zesummen iwwer 162,5 Milliounen Euro gespent, déi an d'Recherche gaange sinn.

2016 gouf et iwwregens och an der Belsch fir déi well 28. Editioun do en neie Rekord mat 10.141.650,13 Euro, déi gesammelt respektiv gespent goufen.

Start vum Télévie 2016 um Freideg den Owend. / © Jacques van Luijk

Fannt all d'Informatiounen an eng Hellewull Fotoen op www.televie.lu.

VIDEO: Télévie 2016: Déi grouss Soirée (1/8)
VIDEO: Télévie 2016: Déi grouss Soirée (2/8)
VIDEO: Télévie 2016: Déi grouss Soirée (3/8)
VIDEO: Télévie 2016: Déi grouss Soirée (4/8)
VIDEO: Télévie 2016: Déi grouss Soirée (5/8)
VIDEO: Télévie 2016: Déi grouss Soirée (6/8)
VIDEO: Télévie 2016: Déi grouss Soirée (7/8)
VIDEO: Télévie 2016: Déi grouss Soirée (8/8)