televie-logo
Elefantastisch!
D'Kannerchoral vun der Käerjenger Museksschoul séngt fir den Télévie
Et ass e Projet vun der Käerjenger Museksschoul; si feieren dëst Joer hir 60 Joer. Bei engem ronne Gebuertsdag wier et Traditioun, eng CD opzehuelen.
Update: 29.01.2025 18:01
D'Kannerchoral vun der Käerjenger Museksschoul séngt fir den Télévie

Déi ronn 50 Kanner an der Choral vun der Käerjenger Museksschoul sinn all tëscht 4 an 12 Joer al. Si sangen op verschiddene Sproochen an deels esouguer dräistëmmeg. Déi 20 Lidder goufen all auswenneg gesongen.
An et gouf e Concert fir d’Elteren organiséiert. D’Sue goufen un den Télévie gespent, fir dass och d’Kanner léieren, dass Spenden a Generositéit zum Liewe gehéieren, erkläert d’Ada Chele, Dirigentin vum Kannerchouer.