televie-logo
1.010 Euro
D'Konscht vum Laura Da Silva am Déngscht vun der Fuerschung
Zwee Konschtwierker vum Laura Da Silva, Onkologie-Infirmière a Kënschtlerin, déi fir den Télévie versteet goufen, si perséinlech vun der Kënschtlerin iwwerreecht ginn.
Update: 05.05.2025 15:02
© Laura Da Silva

D’Bild “Pillars of Strength” geet un Enza Fuzio a “People Matter” krut seng nei Plaz am Waardesall vun enger Praxis. Mat Hëllef vun dëser Aktioun konnt en Total vun 1.010,00 Euro un den Télévie gespent ginn. E grousse Merci un all déi, déi mat gesteet hunn.