Am Kader vun enger feierlecher Live-Sendung bei RTL gouf e Freideg den Owend um 19 Auer dat neit Télévie-Joer ageleet. Mä dës Kéier gouf net just de Start vun der neier Saison 2027 gefeiert, et stoung och d'Relève vum neien Télévie-Coordinateur um Programm. No 11 Joer gëtt d'Diane Wunsch d'Fonctioun als Coordinatrice vum Télévie un den Tommy Schlesser weider, dee sech vun elo un ëm d'Organisatioun vum Télévie këmmert.
Dëst Joer konnten am ganzen 1.521.863 Euro fir d'Recherche géint de Kriibs gesammelt ginn. D'Centres de Promesses fir d'Télévie-Saison 2027 sinn d'Ärenzdallgemeng, Bartreng, Wëntger a Rodange.
De groussen Télévie-Dag ass de 17. Abrëll 2027.