televie-logo
Eng Stee fir de gudden Zweck
Luxembourg Ladies Tennis Masters meets Télévie
Maacht mat bei der Stee vun exklusive VIP-Tickets fir d’ Luxembourg Ladies Tennis Masters 2026 an ënnerstëtzt domat den Télévie.
Update: 01.10.2026 11:25
© Télévie

Stee Nr.1 : VIP-Invitatiounen fir d'GALA NIGHT

2 exklusiv VIP-Invitatiounen fir de d'GALA NIGHT mat DINNER vum Luxembourg Ladies Tennis Masters 2026 de 14. Oktober um 18.00 Auer am ‚Tramsschapp’
 
-         Exklusive Gala Dinner fir 2 Persounen
-         mat Prominenz aus Sport, Politik & Gesellschaft
-         All d’Tennis-Spillerinne vum Turnéier
-         Moderatioun: Joachim Llambi
-         Show Act: Sarah Engels
 
D‘Tickets fir de Gala Dinner sinn net am Verkaf erhältlech! Den Erléiss vun de Steeë geet integral un den Télévie

D'Héchstgebot läit de 6. Oktober um 8:00 Auer bei 500 Euro.

Dir kënnt nach bis den 13. Oktober um 17 Auer matsteeën.

Stee Nr.2 : VIP-Ticketen fir ¼ Finals mat Meet & Greet mam Angélique Kerber

2 VIP-Ticketen fir ¼ Finals mat Meet & Greet mam Angélique Kerber
Donneschdeg de 15.10 (18.00h)

D'Héchstgebot läit de 6. Oktober um 8:00 Auer bei 500 Euro.