Télévie-Challenge "All Voie zielt-All Grëff hëlleft"
Organizer: KlammKlub Biissen (KKB)
Wou: Sportshal Biissen
Ënner dem Motto „All Voie zielt - all Grëff hëlleft“ wëlle mir als KKB zesumme sportlecht a soziaalt Engagement matenee verbannen an den Télévie 2026 ënnerstëtzen.
D’Klëmmer vum KlammKlub Biissen probéiere bannent 12 Wochen esouvill Voieë wéi méiglech ze top’en.
Fir all geklomme Voie gëtt de Klëmmer vun engem Parrain gesponsert.
Sou gëtt sportlech Leeschtung direkt zu Hëllef fir Mënschen, déi Ënnerstëtzung brauchen.