KRIMI DINNER
Den Organisatiounscomité vum Télévie Zenter Biissen invitéiert iech häerzlech op ee Krimi Dinner de 7. Mäerz 2026 um 19:00 an der Hal Frounert.
Een Owend mat engem leckere 5-Gäng Menü vum Bieschbecher Atelier an engem flotten interaktiven Theaterstéck vum Cercle Dramatique vu Biissen.
Verschidde Gesiichter aus dem Service missten iech deen Owend och kënneg virkommen, déi gehéieren nämlech zu lëtzebuergesche Prominente.
Bis de 27.02 kënnt dir iech ënnert der Adresse televie@bissen.lu oder bei der Nummer 83 50 03 -538 umellen (gitt wannechgelift u wann dir ee vegetaresche Menü wëllt hunn). De Menü kascht 85€ ouni Gedrénks an et gi limitéiert Plazen, also maacht iech bäi.
De ganzen Erléis vun dësem Owend geet un den Télévie.
Mir freeën eis op iech!