televie-logo
11.04
Mupperallye zu Bissen fir den Télévie
Organizer: Agility Tornadoes Bissen asbl
Wou: Bissen - Sportshal ZAC Klengbousbierg
Mir organiséieren den 11. Abrëll 2026 e Mupperallye. De Bénéfice vun dësem Event geet un den Télévie. Waat ass e Mupperallye? Op enger Randonnée vun ca. 8 km gidd dir als Equipe (max. 5 Persounen) mat 1 oder méi Muppen spaséieren. Iech erwaarden op äerem Tour verschidden Statiounen wou dir mat dem Mupp musst eng Aufgab léisen. Dofir ginn et Punkten. Ennerwee musst dir och Rätselen an Froën beäntwerten. Gett et eppes ze gewannen? Natierlech! Déi 3 bescht Equipen kréien flott Präisser! Kascht et eppes? Et ass en Event fir e gudden Zweck, dofir froen mir natierlech eng Participatioun. Des ass 15€ pro Persoun iwwert 12 Joer. Kanner enner 12 Joer ginn gratis mat. Waat gett soss deen Dag nach gebueden? Op dem Start an Zil bei der Sportshal zu Bissen ass Folgendes vir Iech virgesinn: – Iessstänn mat salzegen an séissen Leckereien – eng Buvette – en klengen Maart mat flotten Artikelen – en Glécksrad mat villen flotten Gewënner – a villes méi Wou muss ech mech umellen? Mellt Iech iwwert dëse Link un: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeOLYvASLCPsIhXCJFxCy5mIOMesVB70gjPSBHvjOtQNPRtZQ/viewform oder schreiwt eis eng E-mail un agility.tornadoes@gmail.com .
https://download.rtl.lu/2026/01/26/1c76b77e8485a4406d159ba3ba9b7215.pdf