televie-logo
Vum 28.03 bis 29.03
Ouschtermoart 2026
Organizer: Société Avicole de Belvaux a.s.b.l.
Wou: Festikuss, Zolwer (3, rue Jean Anen)
Verkafsstänn | Tombola | Fëscherspill | Restauratioun | Bakstuff Buslinn: 7 (Arrêt KUSS) Zuglinn: 60 (Arrêt Bieles/Zolwer) GRATIS ENTREE Samschdes, den 28.3.2026 vun 12-18 Auer Sonndes, den 29.3.2026 vun 10-17 Auer Aktiounen fir den TELEVIE: KERAMIKHÄERZER Dir kënnt bei eis kleng Häerzer aus Keramik kafen. Dorop kënnt Dir ee Message schreiwen oder d'Häerz bemolen. D'Häerzer kënnt Dir mat Heem huelen. GËLLEN EEËR Dee ganze Weekend iwwer hu mer op verschidde Plaze queesch duerch d'Hal gëllen Eeër verdeelt. Déi Persoun, déi een Ee fënnt, ka mat dësem an d'Entrée kommen an sech do de Präis ofhuelen, dee bannen am gëllenen Ee textuell uginn ass. Dës ass eng gratis Tombola. SPUERHINGER Dee ganze Weekend iwwer sti bei eise Cateringstänn an an der Zentralkeess eis Spuerhinger. Hei kënnt Dir een Don maachen an där Héicht, déi Dir perséinlech wielt. Dës Sue ginn herno integral (grad ewéi déi aner Suen, déi gesammelt ginn) un den Télévie.
https://www.facebook.com/societeavicole.debelvaux