televie-logo
06.04
Péckvillchen Télévie
Organizer: Comité Alstad a.s.b.l.
Wou: op der Éimaischen um Stand vum Comité Alstad (um Rouscht hannert dem Palais)
Péckvillchen Télévie E flotte Péckvillchen, mat Schal a Logo Télévie, dee mer verkafen zu Gonschten vum Télévie, gouf am Keramikatelier vun der Fondatioun Kräizbierg entworf, an och do fabrizéiert. De Péckvillche kascht 40 €. Bestelle kann een de Péckvillchen Télévie beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkeess IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk „Péckvillchen Télévie“ Ofhuele kann een de bestallte Péckvillchen Ouschterméindeg, de 06. Abrëll 2026 op der Éimaischen um Stand vum Comité Alstad (um Rouscht hannert dem Palais) vun 09:00 Auer un bis 17:00 Auer). Wien awer net kann op d’Éimaische kommen, dee kann seng Bestellung am Büro vum Comité Alstad ofhuelen um N° 14 an der Siegfridstrooss (vis-à-vis vum Staatsrot) vun Dënschdes, de 07. Abrëll bis Freides, den 10. Abrëll 2026 oder op Rendez-vous.