
Mat enger aussergewéinlecher Solidaritéitsaktioun setzt d’Laura Da Silva e staarkt Zeeche fir den Télévie 2027. Eng laang Ketten aus Teddybieren gëtt dobäi zum Symbol vu Kraaft, Hoffnung a Solidaritéit am Kampf géint de Kriibs.
Maacht mat a gitt engem Teddy en neit Liewen. Egal ob gebitzt, geheekelt oder aus recycléiertem Material hiergestallt: all Bier soll vir op der Broscht en Häerz droen, als Zeeche vun Zesummenhalt a Solidaritéit.
1 Teddy + 1 Don = Hoffnung fir d’Fuerschung géint de Kriibs.
Äre Bier kënnt Dir schécken oder ofginn op:
RTL Lëtzebuerg - Télévie/Tommy Schlesser
Projet « Zesumme staark »
43, Bd Pierre Frieden
L-1543 Lëtzebuerg
All Bier zielt. All Häerz zielt. All Spend zielt, zesumme si mir méi staark wéi e Bier!
D’Schabloun an all praktesch Detailer fannt Dir am PDF.