Gespillt hunn d'Sachsen All Star Team géint d’Legends. Den Daniel Sachsen huet seng Equipe zesummegestallt mat Spiller vu Käerch, vun der Alliance Äichdall a vu Kielen. D’Legends Equipe ware lëtzebuergesch Vedetten, déi nach aktiv sinn oder et mol waren. E grousse Merci fir dës flott Initiativ, déi och d'nächst Joer erëm wäert stattfannen.