Am ganze sinn dëst Joer 55.000 Euro fir de gudden Zweck zesumme komm.

Den RTL Group huet pro Kilometer 5 Euro ginn.

Wéi all Joer sinn och nees e puer Perséinlechkeeten an de Suedel geklommen, ënnert anerem de Mars di Bartolomeo, Romain Schneider, Max Hahn, Claude Lamberty, Claude Wiseler, Martine Hansen, Georges Engel, Laurent Didier, Frank Schleck, Paul Mellina, sou wéi de Kim Andersen, fir der just e puer ze nennen.

Et waren dann och 26 Leit mat Behënnerungen dobäi, 11 dovunner sinn op Handbikes gefuer.

© Domingos Oliveira

VIDEO: Télévie Spinning: Et gouf kräfteg Pedaléiert