Den Ouschterméindeg ass de Match fir de gudden Zweck zu Foulscht ugepaff ginn. Um Terrain stoungen ënnert anerem och eis RTL Sport-Journalisten: de Franky Hippert an de Jeff Kettenmeyer. A virun allem ee vun hinnen ass duerch seng Leeschtung erausgestach.

Nom Promi-Handball, dee schonn zu enger richteger Traditioun ginn ass am Kader vum Télévie, ass elo och eng éischte Kéier e Promi-Futtballsmatch fir de gudden Zweck organiséiert ginn. Dräimol 20 Minutte si gespillt ginn an eis Promien hunn alles ginn! An zwar net nëmme sportlech gesinn. Verschiddener hu besonnesch gär fir Entertainment gesuergt, dorënner och eisen RTL-Sportjournalist Franky Hippert. Hie stoung am Goal an huet deen een oder anere Ball eragelooss, natierlech just fir d’Leit z’ënnerhalen, sou de Franky. Véier Goaler huet hie schlussendlech akasséiert, sou dass et zum Schluss vum Match 4:1 fir déi Wäiss stoung.

Mee d’Resultat ass just niewesächlech. Dat Wichtegst ass, dass deen Dag 5.000 Euro zugonschte vum Télévie gesammelt gi sinn