Op en Neits koum dëst Joer jo um Enn eng Rekordzomm zesummen. 1'674'429 Euro, an déi ginn elo integral agesat an der Lutte géint de Kriibs. Well et bleift nach villes ze maachen.

Fir munch Kriibszorte gëtt et nach ëmmer keng Medikamenter, déi wierklech eng Heelung erméiglechen. Mä wéi a vu wiem ginn déi Suen herno geréiert a wien entscheet, wéi eng Fuerscher a Projeten, finanzéiert ginn?

An de 17 Joer Télévie koume sou iwwer 21 Milliounen Euro zesummen. Als Partner vum Télévie këmmert sech d'Fondation Kiwanis asbl ëm d'Gestioun vun de Suen. D'Sue kommen integral op e Kont vu Kiwanis, dee sech speziell fir den Télévie dediéiert ass. Vun do gi se an Tranchen integral op de Kont vum FNRS. Do gi guer keng Suen ofgezunn, weder fir Frais administratif oder soss iergendeppes, an et ginn och keng Suen un RTL, sou d'Nathalie Weber-Frisch vun der Fondatioun Kiwanis.