Méi ewéi 120 Leit, dorënner d’Diane Wunsch (Coordinatrice vum Télévie), d’Nathalie Frisch (Presidentin vun der Fondation Kiwanis), Familljen, déi vum Kriibs betraff sinn oder waren, Benevollen, Dokteren, Chercheuren, Organisatiounscomiteen vun de neien Centres de promesses an déi vun der Editioun 2018, hu sech an der RTL City zesummefonnt, fir dës 18. Editioun vum Télévie ze ënnerstëtzen.

E grousst Häerz fir den Télévie !

200 Bougien a Form vun engem groussen Häerz hunn dëse neie Spendemarathon lancéiert, mam Zil nees eng Rekordzomm fir d’Kriibsfuerschung ze sammelen. Wéi all Joer gëtt den Télévie a senger Missioun nees vum Centre de promesses permanent vu Rodange ënnerstëtzt. Dobäi kommen och 4 nei Zentren fir d’Editioun 2019, déi dëse Freiden am Live! Planet People virgestallt goufen:
-    Am Kiischpelt (fir d’éischt Kéier)
-    Jonglënster
-    Miersch
-    Schëffleng

VIDEO: Andréck iwwert de Start vum Télévie

Eng Rekordzomm fir 2018

2018 war nees e Rekordjoer fir den Télévie. Mat der Ënnerstëtzung vun de Centres de promesses an der Generositéit vun der Populatioun konnten dëst Joer 1.674.429 Euro gesammelt ginn, déi integral an d‘Kriibsfuerschung zu Lëtzebuerg investéiert goufen. Zanter 2002 huet den Télévie an Zesummenaarbecht mat RTL Lëtzebuerg 21.216.279 Euro fir d’Kriibsfuerschung gesammelt.

Liewe retten, d‘Fuerschung finanzéieren an de Public op de Kriibs opmierksam maachen: ronderëm dës Missioune sinn och dëst Joer nees eng ganz Rei Manifestatioune geplangt, wéi ënnert anerem den RTL Télévie Dinner an den traditionelle Spinning-Event Télévie Challenge.

Live!

Leit, déi fir aner Leit eppes guddes maachen, dat war e quasi dat grousst Thema gëschter Owend am Live Planet People. Net nëmmen, dass et den offizielle Startschoss vum Télévie 2019 war, mä Invité beim Olivier Catani war och den Nick Butter, deen op seng Manéier der Hoffnung eng Chance wëllt ginn.

Donieft gouf am Live! Planet People och nach "CREA-MI-SU" virgestallt. Dat ass e Service vun der Caritas, wou Leit, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn, oder soss an enger schwiereger Situatioun sinn, mat artisteschen Aktivitéiten encadréiert ginn.

Déi ganz Emissioun iwwert den Télévie elo och am Replay : 

VIDEO: Live! Planet People

Méi Informatiounen iwwer den Télévie an déi nächst Manifestatiounen op televie.lu