Sämtlech Recetten, déi vum 26. a 27. Januar erakomm sinn, goungen deemno integral un den Télévie.

Um Programm stoungen nieft Aqua-Cycling, Waasser-Polo, Zumba-Kids, och Schwamm- an Tauchcourse fir Grouss a Kleng. Wiem dat alles dann awer ze naass war, konnt e Sonndeg seng Shopping-Qualitéiten am Centre commercial Opkorn ënner Beweis stellen, do war e "Family Day" organiséiert ginn.

© Aquasud