Deen neien Télévie-Song gëtt den Ament opgeholl an arrangéiert, e groussen Opwand, wann ee bedenkt, dass no de Sträich-Instrumenter och nach e Kannerchouer opgeholl gëtt. De Lëtzebuerger Pianist David Ianni huet d’Lidd komponéiert a setzt sech selwer och gär fir den Télévie an. Mat 15 Joer huet den David am Escher Conservatoire säin Premier Prix gemaach, mat 16 den Diplôme Supérieur. Hien ass e Museker, deen d’Musek fillt an spiert, fir dass de Message am Lidd och ukënnt. Fir d’Diane Wunsch, d'Responsabel vum Telévie, war dëst prioritär.

Och d’Muselfénkelcher sinn am Asaz, wat den Chouer am Hannergrond ugeet. Iwwer 20 jonk Sänger an Sängerinnen droen op déi Manéier hiren Deel zum Télévie bäi.

Eng Kombinatioun, déi wéi am Billerbuch fonctionnéiert huet. D'Lidd ass net nëmmen emotional, mä och nach an e Beispill dofir, dass, wann een Hand an Hand schafft, sech alles zum Positiven entwéckelt. A genee dat ass jo de Message vum Télévie.