Ma dëst Joer huet den Télévie eng nei Melodie kritt. Eng onverkennbar an emotional, komponéiert vum David Ianni. E Sonndeg war d’Première vum Lidd an der Philharmonie. Zesumme mat de Muselfénkelcher an engem Sträich-Quartett, huet den David Ianni houfreg säi Lidd fir den Télévie presentéiert. E Lidd wat bei ville Leit fir grouss Emotioune gesuergt huet.

D’Diane Wunsch ass d’Responsabel vum Télévie an hat schonn eng Zäitchen d’Iddi, fir eng nei Titelmelodie anzeféieren. Bei engem spontanen Treffe mam David Ianni, huet si hien du gefrot, ob hie bereet wier sech där Aufgab unzehuelen. Si huet him fräi Hand gelooss, ma zwou Saache wollt si awer onbedéngt dran hunn: E Kannerchouer a Sträichinstrumenter.

Virun der Presentatioun vum neien Télévie-Lidd gouf nach d’Stéck “Friends” opgefouert. E Stéck aus dem David Ianni senger "MY URBAN PIANO" Serie, dat hie fir Bluttkriibs-Patiente geschriwwen huet. Et ass eigentlech ee réngt Pianosstéck, ma fir den Télévie, huet hien en Arrangement mat Sträich-Quartett geschriwwen.

Duerno war et dunn endlech souwäit. No laangem Waarde konnt hie säi Lidd fir den Télévie déi alleréischte Kéier live presentéieren, zesumme mam Télévie-Quartett an de Muselfénkelcher.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Den nächste Schratt ass elo e Video fir d’Lidd ze maachen. Wéi genau dee soll ausgesinn, dat wollt den David eis awer nach net verroden.