Den Télévie an eng Handvoll RTL-Mataarbechter hu sech den Challenge ginn, fir bannent engem Dag de Petzi-Raum nei ze gestalten. Zesumme mat der Fondatioun fir de selwechten Zweck schaffen, dat ass d'Zil vun dëser Télévie-Aktioun.

Kann dat Zil erreecht ginn?

Wéi séier d'RTL-Ekipp weiderkënnt an ob den Challenge um Enn vum Dag gepackt ass, doriwwer informéiere mir de ganzen Dag um Radio, mat Fotoen op RTL.lu an engem flotte Reportage e Méindeg op der Télé.