Den Alex hat d'Iddi eppes ze spenden an domadder anere Leit weiderzehëllefen. Ma an dësem Fall sinn et keng Suen, mee seng eege laang Hoer. Sou Hoer ginn nämlech ëmmer erëm gebraucht, fir dorausser Parrécken ze maachen an zum Beispill kriibskranke Kanner iwwert déi schwéier Zäit ewechzehëllefen. Mir hunn den Alex bei dëser e bësse méi spezieller Télévie-Aktioun begleet.

Hoer spenden fir den Télévie / Wien laang Hoer huet, kann déi och spenden. Well natierlech Hoer gi gäre fir Parécke genotzt.