De 24. August geet et lass vu Berlin aus, zwee Méint méi spéit, no ronn 15.000 Kilometer dann d'Arrivée am Beijing. Den Challenge ass awer net nëmmen den Trajet am Oldtimer, ma och hiert Zil, fir den Télévie Suen ze sammelen, ëmmerhi kënnt fir all gefuerene Kilometer een Euro an d'Spendekeess.

Den éischten Deel vun der Rees, fueren Papp a Jong zesummen, zu Tashkent iwwerhëlt dann de Mario Armano, well de Louis Piaia senge schoulesche Flichte muss nogoen.

De Mercedes SL Cabrio, am Besëtz vun der Famill Piaia, huet scho 200.000 Kilometer erof. D'Rees gëtt also och en Challenge, fir den SL nom 14. Oktober nees am gudden Zoustand Heem ze kréien, deen zanter Jore just Familljenausflich am Summer gewinnt ass.

All Etapp vun der New-Silk-Road-Rallye kann een um Blog vum Trio suivéieren.