Empfaange goufen de Frank a Louis Piaia an de Mario Armano, déi sech Team 7 nennen, e Freideg de Moie vum Lëtzebuerger Ambassadeur a China, dem Marc Hübsch, op der Wangfujing Road zu Peking.

Eng aussergewéinlech Streck mat engem aussergewéinlechen Auto

Viru 15 Joer huet de Lëtzebuerger Frank Piaia sech säi gréissten Dram erfëllt an e Mercedes 300 SL kaf. Mat dësem Auto, dee schonn eng Rëtsch Kilometer um Bockel huet, ass hien déi wäit Streck gefuer. Um Bäifuerersëtz mat dobäi war säi Jong Louis, deen zu Taschkent vun engem fréieren Aarbechtskolleg vum Frank Piaia, dem Mario Armano, ersat gouf, well de Student nees zeréck op d'Uni misst. Dëst ass net den éischten Trip, dee Papp a Bouf zesummen ënnerholl hunn. 2016 sinn déi zwee vun Ushuaia aus a Richtung Panamericana gefuer.

Vu Berlin aus goung et direkt a Richtung Osten: D'Streck huet si duerch Polen, Wäissrussland, Russland, déi fréier Sowjetrepublike Kasachstan, Usbekistan a Kirgistan an duerch China geféiert, wou hiren Trip dann och op en Enn gaangen ass.

Ënnerstëtzt gouf d'Lëtzebuerger Rallye-Team vu Mecaniciene vu Merbag, déi hire Sëtz zu Hollerech hunn. Um Mercedes 300 SL missten awer keng groussaarteg Ëmbauaarbechte duerchgefouert ginn. Klengegkeeten, déi fir d'Rees noutwendeg waren, ware speziell Gitteren, Pharen, en Ersatzkanister an d'Reparatur vum "Zigarettenanzünder".  Dësen huet misse reparéiert ginn, fir datt ëmmer genuch Stroum am Auto wier, fir mat der Aussewelt kommunizéieren ze kënnen. Op dës Weis konnt d'Team 7 d'Diane Wunsch, Koordinatrice vum Télévie, reegelméisseg um Lafenden halen.

Ganz onproblematesch ass hir Tour net verlaf. Nieft de Wiederkonditiounen an deels schwéier befuerbare Stroossen, huet och de Bensin dacks fir Komplikatioune gesuergt, well den Oktan am Bensin a ville Länner zimlech déif war, anescht wéi een et an de westleche Länner gewinnt ass.

E Rallye fir de gudden Zweck

D'Iddi vum Rallye-Trip hat de Papp, dee mat senger Rees eppes Guddes bewierke wollt. Mat all Kilometer, deen hien a seng Bäifuerer zeréckgeluecht hunn, gëtt 1€ un den Télévie gespent - an Zuele sinn dat 13.596€.

Si kënnen hire Matmënsche just un d'Häerz leeën, en ähnlechen Ausfluch ze plangen, fir méi iwwert friem Länner a Kulture gewuer ze ginn.