No der Scheckiwwerreechung huet de Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf mam President vum Futtball-Club Tun Di Bari taditiounsgemäss d'Faass opgeschloen a mam O' Zapft is war d'Editioun 2019 lancéiert.

Nei war dëst Joer, dass d'Bühn an der Mëtt vun der Hal stoung.

Déi hollännesch Museksgrupp "Wahnsinn" an Hoffi Zambesi hunn ofwiesselnd fir eng mega Stëmmung gesuergt.