All Dag baakt d'Monique Mersch zesumme mam Nadine Schlentz – an zwar fir de gudden Zweck. Déi zwou Dammen engagéiere sech nämlech schonn zënter Jore benevole fir den Télévie. Wéi wäit deen Asaz geet, dovu konnt d'Vidosava Kuzmic sech en eegent Bild maachen. Hatt war d'Wäffelchersdammen an hirer Kiche besichen.

E Bléck an d'Bak-Kichen

Méindes moies zu Déifferdeng. An der Kiche vun den Télévie-Wäffelchersdamme gëtt et esou kuerz viru Chrëschtdag nach eemol sou richteg stresseg. 1.000 Wäffelcher mussen d'Monique Mersch an d'Nadine Schlentz eleng fir d'Bestellung vum RTL-Personal baken. De kompletten Erléis vum Verkaf geet un den Télévie, d'Käschte fir d'Material an d'Ingredienten droe si selwer. A gebak gëtt iwwert dat ganzt Joer – virun der Aarbecht, no der Aarbecht an och weekends.

Viru 6 Joer hunn d'Nadine an d'Monique d'Decisioun geholl, sech méi aktiv ze engagéieren, erkläert d'Nadine Schlentz:

"Ech hat dat proposéiert an d'Monique huet et gären ugeholl. Um Ufank hunn ech ëmmer Sue gespent. Mä wéi mir dunn zu zwee waren, hunn ech geduecht, dat wier eng Iddi, fir emol eng Kéier selwer eppes ze maachen a mol bësse méi en décke Scheck kënnen z'iwwerreechen."

Den 13. Mee 2014 ass déi éischt Commande erakomm an zanterhier sinn d'Frëndinne gutt beschäftegt. Dag an Nuecht verbrénge se heiansdo an der Kichen, an dat nieft hirer normaler Aarbecht.

"Dat ass hefteg heiansdo", seet d'Monique Mersch, mä si géingen et leidenschaftlech gär a mat vill Freed maachen. A sou laang si nach kënnen, wäerten d'Wäffelchersdammen den Télévie ënnerstëtzen.