Opgrond vun der Recommandatioun vum Gesondheetsministère an der Preventioun géint de Coronavirus, sinn eng Rei Manifestatioun uechter d’Land ofgesot, dozou gehéiert och de groussen Télévie-Dag 2020.

Nieft dem Télévie-Dag ginn och eng Rei aner Eventer am Kader vun der 19. Editioun vum Télévie verréckelt. Nei Datumer vun dësen Eventer wäerten an deenen nächste Wochen op televie.rtl.lu publizéiert ginn.

Zanter 2001 gëtt den Télévie zu Lëtzebuerg zesumme mam Télévie an der Belsch organiséiert. Wéi haut de Moie vu RTL Belgium an dem FNRS bekannt ginn ass, ass och den Télévie an der Belsch op de 5. September verluecht ginn.