De 27. Abrëll 2019 ass sécherlech an d’Geschicht vum Télévie agaangen. Op deem Dag war d’lescht Joer den Ofschloss, also déi grouss Finall, vun engem Joer Efforten, alt nees vun alle Säiten, fir Sue fir d’Kriibsfuerschung ze sammelen. Ma et war eng speziell Editioun. Virop well d’Land zu deem Zäitpunkt a Staatstrauer war, nom Doud vum Grand-Duc Jean. An trotzdeem hu sech d’Lëtzebuerger nees emol solidaresch gewisen, an iwwer 2 Milliounen Euro sinn op deem Dag zesummekomm, en absolutte Rekord.

Déi 19. Editioun vum Télévie wäert och an d’Geschicht agoen, leider awer virop dofir, datt se huet missten duerch déi aktuell sanitär Kris, wéi vill aner Manifestatiounen, ofgesot ginn. Oder besser gesot verréckelt ginn. De leschte Samschdeg sollt de groussen Télévie Dag sinn, an déi Persoun, déi sécherlech mat am trauregste war, dass een deen Dag d’Kriibspatienten hei am Land net éiere konnt, ass eis Coordinatrice vum Télévie. Mir hu mam Diane Wunsch driwwer geschwat, wat dat fir d'Aarbecht vun de "Centre de Promesses" bedeit, wéi et elo mat der grousser Spenden-Aktioun viru geet a wéi d'Télévie-Finall nogeholl gëtt.