Konkret heescht dat, dass mat dëser Zomm 90 Chercheuren an 80 Projete konnte finanzéiert ginn.

Fir d'Rentrée vun der Recherche huet d'Véronique Halloin, Secrétaire générale vum FNRS, de Ludovic Daxhelet vun RTL Belgique op d'Missioun an déi eenzel Universitéiten an der Belsch an zu Lëtzebuerg geschéckt, fir de Chercheuren hir wäiss Blus z'iwwerreechen a mat hinnen iwwert hir Recherche ze schwätzen. Hei am Land war de Ludovic beim Dr. Bassam Janji vum LIH (Luxembourg Institute of Health) op Visitt.

Traditionell ass d'Rentrée vun der Recherche am Hierscht, mee dës ass wéinst der Pandemie an de Januar verluecht ginn. Wat awer net heescht, dass d'Chercheure bis dëse Januar gewaart hunn, fir mat hirer Recherche lasszeleeën. Au contraire, si sinn d'lescht Joer scho mat de Recherchë weidergefuer, déi si virun e puer Joer ugefaangen haten. D'Recherche géint de Kriibs huet also trotz Pandemie kee Retard kritt.