Message vun der Madame Muller Laurence / Reitstall bei der Pall

Heifir hunn mir d’Leit déi hir Päerd am Aktivstall stoen hunn gefrot, fir hir Päerd anzetrëtzen an eng Spend pro Trëtz un den Télévie ze maachen.

An Zäiten wou et dem Télévie net méiglech ass grouss Fester ze organiséieren deelen ech dëst an villäicht ass jo deen een oder aneren Stall deen sech well uschléissen.

Et ass wichteg dass d’Recherche géint de Kriibs och an Coronazaiten weider gefouert, an net vergiess gëtt, an dofir sinn Spenden néideg.

All déi Leit déi Päerd hunn, hëlleft weg mat dëst ze deelen an maacht een Don well fréier oder spéider kennt jiddwereen mam Thema Kriibs an Kontakt an nëmmen duerch ons aktiv Hëllef kann d’Recherche weider goen.

Een groussen Merci un all déi Leit déi des Aktioun schonn ënnerstëtzt hunn an weider wäerten ënnerstëtzen.