Den 24.  Abrëll ass den Ofschloss-Dag vum Télévie. Bis dohinner gi Suen gesammelt, fir d’ Kriibs-Fuerschung hei zu Lëtzebuerg. Dofir hunn elo scho vill Betriber, Veräiner a Benevolle  sech engagéiert , esou ewéi och de Bäcker – Patissier  Jos a Jean- Marie vun Mäerzeg.

D’Häerz, d’Symbol vum Télévie spillt ewéi all Joers eng grouss Roll, dëst Joer och beim Bäcker .

Fir iech net allze laang op d’ Folter ze spanen, dëst Joer dierf een den Télévie och ënnerstëtzen, andeems een d’Häerz eng Kéier genéisse kann, also iessen. Niewent Mëtschen,Taarten,  Brout  an Extra-Wënsch fënnt dëst Joer och d’Télévie-Häerz de Wee an d’Regaler.

De Jean-Marie huet d’Rechnung elo scho gemaach, esoubal et lassgeet, ass virgesinn , dass een dëst Häerz an hiren 17 Bäckereien uechtert d’ Land ze kafe kritt a jiddereen, deen eent keeft, dréit automatesch zum Erléis bäi. 50 Cent gi pro Kichelchen un den Télévie.

D’Coordinatrice vum Télévie Diane Wunsch hat d’Iddi an esou wollt si bei der Produktioun dobäi sinn a mathëllefen upaken an och e bësse schmaachen.

5.000 Stéck solle gebak ginn, wat u sech dat Duebelt ass, vu dass de Kichelchen jo aus 2 Häerzer besteet, ma de Verkaf geet elo nächsten Méinden de 15. Mäerz un an dauert bis de 25. Abrëll.