Dat gëllt och fir d'Finall vum Télévie 2020 an déi sëllege Manifestatiounen, déi nach um Ufank vun der Pandemie sollten organiséiert ginn.

Betraff dovu war och den Organisatiounscomité vum Télévie Iechternach, déi deen Ament hir éischt Konschtstee wollten ofhalen. Kënschtler aus der Abteistad an der Ëmgéigend hate Wierker zu Gonschte vun der Kriibsfuerschung gespent.

Dës Konschtauktioun huet een dunn awer kuerzfristeg missten ofsoen. Déi 31 Tableauen a Skulpturen hu missen 1 Joer laang op d'Säit geluecht ginn, éiert se elo dëse Mëttwoch um 19 Auer owes am Trifolion endlech ënnert den Hummer kommen.

Mir ware bei de Preparatiounen dobäi, op Echternach.lu fënnt een de Katalog, et sinn och nach vill Plaze fräi, umelle kann ee sech op televie@echternach.lu oder um+352 72 92 22 25.