Deenen hir Kontrakter goufen iwwert Done vum Télévie finanzéiert. Si hu mussen entlooss ginn, well wéinst der sanitärer Kris manner Sue gesammelt goufen, esou den Direkter vum LBMCC Marc Diederich am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg. D'Repercussioune vun der Pandemie wäerte sech dem Kriibsfuerscher no och nach e puer Joer zéien.

"Mir hätte warscheinlech och weider Studenten agestallt, déi mer elo dee Moment eben och elo net konnten huelen. Dat ass e weltwäiten Effet. Cancer Research UK zum Beispill huet 100 Millioune manner gesammelt. Déi kanadesch Kriibsfuerschungsfondatioun d'selwecht. Dat heescht, mir kënnen dovun ausgoen, dass duerch déi Suen, déi manner gesammelt gi weltwäit, beim Télévie hei zu Lëtzebuerg, iwwert déi nächst 4 bis 5 Joer Repercussioune wäerte sinn am Finanzement vun der Kriibsfuerschung an natierlech an de Resultater fir d'Patienten."

Ma och wann net alleguerten d'Projete konnte weidergefouert ginn, hätt een 2020 och konkret Succèsen areechen, esou de Marc Diederich.

"Wa mer op dat lescht Joer zréckblécken, hu mir 4 nei experimentell Substanzen an d'Fachliteratur erabruecht, dat heescht mir hunn déi komplett studéiert, deelweis och schonn um Déier, un der Maus getest. Dat heescht mir hu 4 Kandidate vu Kriibsmedikamenter, déi speziell am Beräich vun de chroneschen an akute myeloide Leukämien Asaz kënne fannen."