Virun der grousser Finall e Samschdeg hu mer eise Kolleege vum Télévie kuerz iwwert d'Schëller gekuckt.

Manner Aktiounen um Terrain, heescht méi Aarbecht um Büro. Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt leeft de Groussdeel vun de Spenden entweder digital oder iwwert Telefon of. D'Terrainsaarbecht awer feelt.
Diane Wunsch, Coordinatrice:

„D'lescht Joer war den Télévie nach e bësse besser, well mer do nach am Ufank vum Joer konnte Manifestatiounen organiséieren. Dëst Joer, also zanter eiser leschter Emissioun am September, ass guer näischt dra gewiescht. Mir hunn elo awer d'Initiative geholl, eng ganz Woch laang e Spendemarathon draus ze maachen. Et sinn net vill Manifestatiounen dobaussen, mee heibanne rabbelt den Telefon vill."

Opgehuewe gëtt hei am RTL-Gebai vun 6.30 Auer un. Da sinn et och emol Donen am 4-stellege Beräich, déi ee moies esou richteg waakreg maachen.

E puer mol méi mol manner sportlech Evenementer goufen et awer – vum Rackette-Sport bis eriwwer bei den"Dinner" um Camping. D'Motivatioun war bei esou muncher engem do.

Et géif ee gesinn, datt d'Leit an dësen Zäiten d'Wichtegkeet vun der Recherche ëmmer méi unerkennen an datt d'Vertrauen an den Télévie grouss ass.

Ëmmerhi fléisst all Cent, deen hei erakënnt, och an d'Recherche zu Lëtzebuerg.

Den Dr. Mario Dicato: Dokter an der Hématologie a Cancérologie:

„Mir sinn e klengt Land. Mir hu bei wäitem net déi Méiglechkeeten, déi elo grouss Universitéiten ewéi Harvard hunn. Déi hu Budgeten, déi si praktesch esou grouss ewéi eise ganze Staatsbudget. Mee den Télévie stellt ongeféier bei enger ganzer Rei vun Etüde vu Laboratoiren e Véierel bis d'Hallschent vun hirem Budget annuel duer."

D'Evolutioun vun de Traitementer an och der Technologie, fir Kriibs ze diagnostizéieren, hätt sech besonnesch an de leschte Jore séier entwéckelt.

"Et acceleréiert sech an engem Stéck. Et kann een net soen, datt eppes net géing goen oder eppes schif leeft. Et gouf e Retard an de Laboratoiren an d'lescht Joer, mee dat hëlt nees ganz séier op."

Och wann et dëst Joer vill Problemer goufen, fir d'Emissioun op d'Been ze stellen, war et keng Optioun se ausfalen ze loossen. Par konter gouf weider entwéckelt. Sou soll een deemnächst och eng Télévie-App erofluede kënnen, fir nach méi einfach spenden ze kënnen.

Dr. Marc Diederich am Interview: Manner Donen wéinst der Coronakris

Den Dokter Marc Diederich war eisen Invité am Journal

D'lescht Joer hu beim private Fuerschungslabo "Laboratoire de Biologie Moléculaire et Cellulaire du Cancer" dräi Leit missen entlooss ginn, deenen hire Kontrakter iwwert Done vum Télévie finanzéiert goufen. Dat well wéinst der sanitärer Kris manner Sue gesammelt goufen, esou den Direkter vum LBMCC Marc Diederich am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg. D'Repercussioune vun der Pandemie wäerte sech dem Kriibsfuerscher no och nach e puer Joer zéien.

"Mir hätte warscheinlech och weider Studenten agestallt, déi mer elo dee Moment eben och elo net konnten huelen. Dat ass e weltwäiten Effet. Cancer Research UK zum Beispill huet 100 Millioune manner gesammelt. Déi kanadesch Kriibsfuerschungsfondatioun d'selwecht. Dat heescht, mir kënnen dovun ausgoen, dass duerch déi Suen, déi manner gesammelt gi weltwäit, beim Télévie hei zu Lëtzebuerg, iwwert déi nächst 4 bis 5 Joer Repercussioune wäerte sinn am Finanzement vun der Kriibsfuerschung an natierlech an de Resultater fir d'Patienten."

Ma och wann net alleguerten d'Projete konnte weidergefouert ginn, hätt een 2020 och konkret Succèsen areechen, esou de Marc Diederich.

"Wa mer op dat lescht Joer zréckblécken, hu mir 4 nei experimentell Substanzen an d'Fachliteratur erabruecht, dat heescht mir hunn déi komplett studéiert, deelweis och schonn um Déier, un der Maus getest. Dat heescht mir hu 4 Kandidate vu Kriibsmedikamenter, déi speziell am Beräich vun de chroneschen an akute myeloide Leukämien Asaz kënne fannen."