No 3 Chemotherapien an enger Stammzellespend ass hien elo, ee Joer drop, nees op de Been a kann nees dat am Liewe maachen, wat him am meeschte Spaass mécht: Musek. Den 21 Joer jonke Mann ass nämlech an der Lëtzebuerger Clubzeen keen onbekannt Gesiicht. Elo steet hie rëm am Studio an ass prett, fir am Summer den nächsten Hit erauszebréngen.