Iwwer 23 Milliounen Euro konnten iwwer déi Zäit schonns duerch des enorm Solidaritéit gesammelt ginn. Eng grouss a wichteg Zomm, déi integral an d'Kriibsfuerschung investéiert gouf. Dëst Joer konnt den Télévie och op de wichtege Support vun der Prinzessin Alexandra zielen, déi d'Missioun als Télévie-Ambassadrice iwwerholl huet.

Der Prinzessin Alexandra läit et um Häerz, sech fir dësen Zweck staark ze maachen. An engem éischte Message, seet si virun allem de ville Benevollen, déi sech all Joers fir den Télévie asetzen an deenen, déi och an dëse schwieregen Zäiten en Don gemaach hunn, e grousse Merci.

Do dernieft ënnersträicht d'Prinzessin Alexandra, wéi wichteg d'Solidaritéit mat de Kriibs-Patienten ass, fir dass si op hirem Wee ni eleng sinn.