De Gros vun der Zäit stoungen am Studio nieft de Presentateuren nämlech just nach déi technesch Ekippen. En éischter ongewinnte Bild fir déi Bedeelegt, fënnt emol den Olivier Catani.

"Et war effektiv immens roueg an dofir war ech frou, dass ech ee Moment konnt eropgoen an de Call Center. Well do huet een déi ganz Ambiance, déi mir jo déi lescht Jore gewinnt waren, mat deene ville Leit, do huet ee se richteg gespuert, well d’Leit jo wéi geckeg ugeruff hunn. An do war dee richtege Télévie-Feeling, well et einfach richteg Kaméidi war, d’Leit hunn ugeruff. Mä hei (am Studio) war et natierlech méi roueg wéi déi Jore virdrun.

Gefreet huet ee sech natierlech trotzdeem iwwert déi enorm Zomm, déi zesummekomm ass. Ëmmerhin leie just 7 Méint tëscht der leschter Télévie-Emissioun am September an der Finall vun 2021. D’Nathalie Frisch vun der Fondatioun Kiwanis ass op alle Fall begeeschtert vun der grousser Solidaritéit. Et wier schéin ze wëssen, dass een och an dësen Zäiten op d’Leit ziele kéint.

"Wann ee gesäit, wat mir am September haten, wat scho super war fir dee Kontext, dee mer haten, lo si mer scho rëm ee Schrëtt weider. Natierlech kucke mer fir ëmmer rëm méi ze hunn. Well méi hunn, heescht einfach kënne méi Fuerscher ënnerstëtzen. Méi Fuerscher ënnerstëtzen, heescht all Kéiers rëm e klenge Schrëtt méi fir géint déi Krankheet virzegoen."

Nei dëst Joer ass, dass den Télévie schonn déi ganz Woch iwwer Thema bei eis war, wéi de Jeff Spielmann, Head of TV Programmes bei RTL, erkläert.

“Mir haten am Fong Bedenken, dass well déi Manifestatiounen net kënne sinn, um Enn net genuch Suen zesummekommen. An do duechte mer, maache mer eng ganz Télévie-Woch, schwätzen op eenzelen Plazen mat Benevollen, Dokteren, Betraffenen an deklinéieren dat op eis eenzel Sendungen. An de Fazit dovunner ass: et war e Risiko, mir sinn deen agaangen. A wann ech dee Montant haut gesinn, wat d’Leit dobaussen gespent hunn, d’Konzept ass opgaangen an dat ass super.”

D’nächst Joer steet dann déi 20. Télévie-Sendung um Programm, ënnert wéi enger Form, ass nach oppen.