Ursprénglech war den History Vehicles Festival, organiséiert vum Lëtzebuerger  Club Kiwanis, en Fest wou een Oldtimere kucke komme konnt. Bei den Autoen ass et awer net bliwwen. De Patrick Salvi, President vum Kiwanis Club Esch: "Mir hunn probéiert dat ganzt e bëssen ze regeneréieren an deem mir aus deem Blech-Festival u sech e Festival gemaach hunn, deen d’ Famill interesséiert, dee populär ass mat vill Animatiounen, mat vill Iessen a mat Leit, déi sech begéinen an engem Klima vu Freet."Nieft den Autoen aus dem leschte Joerhonnert, ginn et an de Stroossen vu Lasauvage also och Stänn wou ee Sammlerstécker awer och Kleedung aus fréieren Zäite kafe kann. Ennen op der Duerfplaz gëtt de Visiteuren déi eng oder aner Animatioun proposéiert. De Mëtteg gouf et hei e Miss Pin-up Contest. Fraen an authentescher Vintage-Kleedung déi virun ale Gefierer poséieren. Ma och muer steet nach sou munches um Programm, sou de Marco Turci, Co-Organisateur vum History Vehicles Festival: "Muer de Moie gi mir bësse méi an d’Elvis-Zäit. Um 9 Auer hu mir de LOF-Breakfast hei, do erwaarde mir schonn 300 Oldtimeren, déi zesummen ukommen. Muer de Mëtteg hu mir Gunhild Carling. Dat ass eng Famill déi hei spillt. Dat ass eng schweedesch Museksgrupp, déi weltbekannt ass um Niveau vun Dixi- a Swing-Musek."

Déi zwee Organisateure si bis ewell ganz zefridden, wann et sou weidergeet, hätt de Festival dëst Joer souguer nach méi Succès wéi 2019. Fir si gëtt et e gudde Grond wisou de Sprong an der Zäit esou beléift ass: “Nostalgie spill bei jidderengem mat. Mir ginn ëmmer bëssen un eis Wuerzelen zeréck kucken.”  “Fir mech ass et einfach an eng Zäit zeréck ze goen an eng Zäit déi ech immens gären hat. Eng Zäit, an där ech och gären nach méi laang gelieft hätt."

Dës Stëmmung léisst sech och bei de Visiteuren erkennen. De ganzen Erléis vum History Vehicles Festival geet nämlech un Organisatiounen, déi sech ëm vulnerabel oder krank Kanner këmmeren. Ënnert anerem un den Télévie an d’Kannerkriibsfuerschung.