De Jo Klein huet genuch Sëtzlieder. Zesumme mam Max Even si si zwee, d'Vëlosbouwen. Kennegeléiert hu si sech op der Uni zu München an hunn duerno zesummen an enger WG gewunnt, wou den Jo och d'Léift zum Vëlo entdeckt huet. Am August souzen déi zwee 1.000 Kilometer ouni Paus um Vëlo bei der "Race across Belgium", wou et drëms goung, vun Arel op Arel ze fueren, dobäi hu se 13.000 Héichtemeter a 37 Stonnen 24 Minutten an 13 Sekonne gemeeschtert. Um Enn sinn och nach 8.000 Euro fir de gudden Zweck zesummekomm, wouriwwer "Catch a Smile asbl" an "Le soleil dans la main asbl" sech freeën dierfen.

De Maale Gars huet dem Hip-Hop zu Lëtzebuerg en neie Faarftoun ginn. Hie mécht Hip-Hop mat Gefill. No 3 Joer bei der Indie Band "Epicure" wollt hie sech veränneren. Och privat huet den Thomas Roland dat gebraucht an dobäi krut hie vun senge Kolleege säi Kënschtlernumm, dee souvill heescht wéi "den Typ, deem et ëmmer schlecht geet". Mat 300.000 Streams op Spotify ass hien domadder de meescht gestreamte Rapper am Land. Säin éischten Album "Du Weess" koum am Januar an deen nächsten ass fir Ufank 2022 geplangt. Déi nächst Méint wäert hien et éischter roueg ugoen.

Beim Télévie zu Lëtzebuerg ass Rodange den Zenter aus der éischter Stonn. Wärend déi aner Centres de promesses all Joer changéieren, ass Rodange vun Ufank un mat derbäi. 2019 waren 115.000 Euro zesummekomm. Fir déi Rodanger ass nom Télévie virum Télévie. An 19 Joer sinn esou 770.000 Euro gesammelt ginn. Wéinst der Pandemie konnt d'lescht Joer kee grousst Fest organiséiert ginn, awer dat gëtt dëse Weekend nogeholl. An der Sportshal ass e Samschdeg eng méi lass an e Freideg den Owend gëtt mat engem italieneschen Owend mat Musek, Iessen a Gedrénks an den 20. Anniversaire eragefeiert.

Infoen zum Télévie-Dag 2021 HEI KLICKEN