De 17. an 18. September war den Ofschloss vum CdP Permanent Rodange. Iwwer zwee Deeg ass gefeiert a fir den Télévie gesammelt ginn.

Dëst war schonn déi 20. Editioun, an där de Centre de Promesses den Télévie ënnerstëtzt huet an och dëst Joer hunn d'Leit hir Generositéit a Solidaritéit mat de Kranke bewisen.

Och an dësen Zäiten hunn si et erëm fäerdeg bruecht, eng zolidd Zomm ze sammelen: Ganzer 103.500 € koumen zesummen.