Genee virun 20 Joer ass déi éischt Télévie Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg iwwerdroe ginn. Zanterhier si méi wéi 25 Milliounen Euro fir d'Recherche géint de Kriibs gesammelt ginn.

De Lancement vun der 20. Editioun ass dëse Freideg de 19. November am Siège vum Télévie, an der RTL City um Kierchbierg. De Startschoss vun der Editioun 2022 lancéiert Diane Wunsch, d'Coordinatrice vum Télévie Lëtzebuerg zesumme mam Natalie Frisch, Presidentin vun der Fondation Kiwanis, an den Invitéë vun der Soirée.

Natalie Frisch (Presidentin vun der Fondation Kiwanis) & Diane Wunsch (Coordinatrice Télévie Lëtzebuerg) /

Zu den Invitéen zielen d'Chercheuren, Dokteren, Benevollen, geheelte Kriibspatienten an natierlech och d'Responsabel vun de Centres de Promesses fir d'Joer 2022. Kënschtleresch gëtt den Owend vum Artist Sumo an dem Sänger Oscar Leone begleet. De Sumo moolt eng Toile fir den 20. Anniversaire an den Oscar Leone séngt säi bekannten Titel "Lion".

D'Zentren, déi den Télévie dëst Joer ënnerstëtzen, sinn :

  • Diddeleng
  • Mäerzeg
  • Nidderaanwen
  • Rodange

Télévie - Gitt der Hoffnung eng Chance