De Carlo Sauber huet dem Buch vum Ketty Thull no 2011, nach emol e neien Touch ginn. De Maître d'enseignement technique aus dem Lycée Technique vu Bouneweg huet säi Wësse scho ville jonke Schüler weider ginn. Well awer och Doheem ëmmer méi gekacht gëtt, kënnt déi nei Versioun vum Ketty Thull mat Rezepter a Geschichte vu Lëtzebuerg elo grad richteg. Mat senger revisitéierter Versioun hat hien 2012 de Buchpräis gewonnen an dëse Weekend fënnt een den Auteur an d'Buch op de Walfer Bicherdeeg.

Déi däitsch Schrëftstellerin Susanne Fröhlich liest e Méindeg 29. November am "Aalt Stadhaus" zu Déifferdeng aus hirem neie Roman "Abgetaucht". Bekannt als Journalistin a Moderatorin aus hirer eegener Bichersendung "Fröhlich lesen" um MDR, déi se zanter 2005 presentéiert, bréngt d'Susanne Fröhlich selwer reegelméisseg e neie Roman eraus, deen zum Bestseller gëtt. "Ausgemustert" an "Abgetaucht" gehéieren derzou an "Moppel-ich" huet sech méi wéi 1 Millioune Mol verkaaft.

© Henri Schwirtz

De 7. Mee feiert den Télévie zu Lëtzebuerg seng 20 Joer. Déi nei "Centres de promesses" fir 2022 si Mäerzeg, Nidderaanwen, Diddeleng an natierlech de Centre permanent Rodange. Zesumme mat Chercheuren, Dokteren, Benevollen, awer och Vertrieder vun den alen Zentere gëtt deen Anniversaire feierlech agelaut. Als Special Guest derbäi de Sumo, deen dem Télévie e perséinleche Kaddo mécht an den Oscar Leone, dee säin groussen Hit "Lion" live séngt.