Fir de gudden Zweck, huet d'Madamm Sylvie Schlentz, eng häerzensgutt Persoun, dës Petzie mat ganz vill Léift fir den Télévie geheekelt. Fir der Hoffnung eng Chance ze ginn, ginn 100 % vum Erléis un d'Kriibsfuerschung gespent.

Den Hues kascht 50 Euro, d'Muppen, d'Mais an d'Kaz ginn et fir 45 Euro an déi kleng Këppelche Bieren sinn 35 Euro op de Kapp.

Wann Dir dës léif Petzien wëllt kafen, da mellt Iech op televie@rtl.lu