De kompletten Erléis vun dësen zwee Evenementer gëtt integral un den Télévie gespent.

15. Abrëll 2022 - Télévie Charity-Dinner

Den Dîner gastronomique am Restaurant "La Manufacture" zu Bartreng ass déi Geleeënheet, all begeeschtert Amateuren, Sammler a Passionéierter vun Autoen an engem agreabele Kader zesummenzebréngen. Wärend dësem gemittlechen Owend gëtt eng Tombola organiséiert an och eng Auktioun, wou eenzegaarteg Objete versteet ginn,  déi vun de sëllegen ATREX-Partner a Sponsore gespent goufen. Wärend dem Iesse wäert de bekannte Lëtzebuerger Kënschtler "Sumo" e Bild molen, dat hie fir d’Auktioun spent.

D'Iesse war de Freideg de 15. Abrëll um 19.30 Auer un ass am Restaurant "La Manufacture" zu Bartreng.
Umelle fir d'Iessen kann een sech hei

30 Abrëll 2022 - Télévie Charity-Dafen

E Samschdeg, den 30. Abrëll 2022, tëscht 12.00 an 18.00 Auer organiséiert ATREX Dafe fir de Grand public um aussergewéinlechen an historesche Site vun den Héichiewen zu Esch-Belval. Fir dëst Charity-Event kann Atrex op d'Ënnerstëtzung vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022, op hir sëlleg Partner a Sponsoren, souwéi op d'Zesummenaarbecht mat RTL zielen.
Umelle fir bei der Daf matzemaachen, kann een sech hei.

De Comité vun ATREX freet sech iwwer all Participatioun un dësen zwee Evenementer, fir zesummen den Télévie an domadder d'Kriibsfuerschung zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. Umelle kann ee sech op info@atrex.lu oder iwwer d'Internetsäit ww.atrex.lu.