E Freideg gouf virun der Haaptdier vum RTL um Kierchbierg vu 16 bis 19.30 Auer gestrampelt - 210 Minutte laang ouni Paus, fir den Télévie.

Wéi vill Kilometer, respektiv Euro bei dësem Challenge zesummekomm sinn, dat gëtt e Méindeg den Owend um 19 Auer am Magazin op der Tëlee annoncéiert.

20 Ekippen an 150 RTL-City-Mataarbechter hu fir de gudden Zweck pedalléiert. RTL Group gëtt pro Kilometer 5 Euro.

Wéi all Joer waren och nees e puer Perséinlechkeeten dobäi, ënnert anerem de Mars di Bartolomeo, d'Martine Hansen an de Max Hahn.

Et ass déi 16. Editioun vum Télévie Challenge, deen 2005 fir d'éischt an d'Liewe geruff ginn ass. Zanter der alleréischter Editioun sinn 915.000 Euro fir d'Recherche géint de Kriibs a speziell géint d'Leukemie gesammelt ginn. Ma och wärend der Pandemie-bedéngter Paus huet den RTL Group weider gespent, och ouni, dass an d'Pedalle gedréckt gouf. 55.000 Euro goufen deemno all Kéiers 2020 an 2021 gespent.