Eng nei Liewenssituatioun mat villen Ängschten an Onsécherheete fir déi ganz Famill. Viru 4 Joer hunn d’Milena Reimen a seng Famill sech mat dëser schlëmmer Noriicht missen ausenanersetzen. Deemools gouf Lymphdrüsekriibs bei him festgestallt.

Seng Elteren an och seng 2 Schwëstere Luana a Celina hu versicht, dem Milena sou gutt wéi méiglech zur Säit ze stoen. Wei d'Famill an d'Milena dat ganzt verkraaft hunn a wat an dëser Situatioun gehollef huet, erziele si am Reportage.