Dat war am Joer 2013. Fir dëse lass ze ginn, huet den deemolegen Teenager vill iwwert sech missen ergoe loossen: Eng éischt grouss Operatioun fir den Tumor eraus ze operéieren, 24 Chimiotherapien an eng weider Operatioun, fir de ganzen 8. Wierbel erauszehuelen an deen duerch Schrauwen a Placketten ze ersetzen.

De Yannick ass dem Doud vun der Schëpp gesprongen. Haut, 8 Joer méi spéit, geet et dem 23 Joer ale Jong ganz gutt. Hien huet de Kampf géint de Kriibs gewonnen.

Mir hunn de Yannick schonn 2013 begleet

De Yannick Linck virun 20 Joer