Dem Aurore Mertens wär ni agefall, dass si et net kéint packen. Dat erzielt eis déi jonk Fra am RTL-Interview. Virun 8 Joer krut si d'Diagnose Leukemie. Haut mat bal 19 Joer gëllt hatt als geheelt.  Mir hu wéi gesot, d'Aurore virun 8 Joer scho kennegeléiert, mat 10 Joer. Ëmmer mat dobäi hir Schwëster, d'Malika. Haut versti sech déi zwee ëmmer nach gutt. Am léifste verbréngt d'Aurore seng Zäit mat Frënn, awer och mat der Famill, déi him wärend der Krankheet ëmmer zur Säit stoungen.

"Déi waren de ganzen Zäit do, hu mech déi ganzen Zäit begleet. Si hunn och natierlech schloflos Nuechte gehat. An dofir sinn ech och dankbar, net fir d'Nuechten. Mee dofir, dass si do waren."

Elo ass d'Aurore op Première a steet virun engem nächste grousse Schrëtt: e Studium. An do wéilt si am léifste Biomedezin studéieren an dat an der Belsch, ee Land, mat deem si vill verbënnt. Net just, dass si Famill do huet, mee och den Traitement war do.

"Bréissel war fir mech éischter d'Fräiheet amplaz, dass et mech bedréckt huet."

5 Joer nom Traitement kann ee réischt dovunner ausgoen, dass de Kriibs net méi rëm kënnt. Déi Zäit huet hatt hannert sech.

"Et ass net eng schrecklech Zäit, jo et ass eng schwéier Zäit, jo et war net ëmmer immens flott , mee et kann een och schéi Momenter hunn. Et kann een och Spaass hunn", sou d'Aurore. Virun allem och déi Leit ronderëm, d'Frënn an d'Famill wären eng grouss Ënnerstëtzung. Sou laang hir Eltere staark bliwwe sinn, war och si staark.