Fir den techneschen Deel huet de Lex Schaul "Professionnel de santé publique" iwwer d'Risikoreduktioun geschwat an déi qualifizéiert Psychologin a Psychotherapeutin Martine Risch, déi iwwer psycho-onkologesch Betreiung vu Kriibskranken an hire Familljememberen geschwat huet, béid Spriecher representéieren d'Fondation Cancer. Um Enn vum Owend gouf e Scheck vun 500 Euro un 4 Organisatiounen a Presenz vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch iwwerreecht, dorënner un Diane Wunsch d'Coordinatrice vum Télévie Lëtzebuerg.