D'Aktioun dréit den Numm "Ribbon of Hope" an huet de ganzen Dag am Mall vun der City Concorde statt fonnt. Op hirem Stand konnten d'Leit mat enger klenger Mise um Glécksrad dréinen an esou en Ribbon of Hope gewannen. Donieft hat een och d'Chance e Gadget vum Télévie ze erspillen. Fir Kanner war eng flott Aktivitéit programméiert wou si e Bild konnte fäerdeg molen, wat dann duerno engem kranke Kand soll Freed maachen.